Charity Dinner

an der Minière „Duehl“

Traiteur Paul Eischen

Zënter 1995 ass de Paul Eischen schonns als Traiteur aktiv. Mat enger Equipe vun iwwert 30 Leit iwwerzeegt hien mat sengem Traiteurservice « Easy Cooking » an den 2 Restauranten zu Capellen. Et fënnt een seng Kachkonscht och am Rollengergronn an der Brasserie « La Barbotine », déi sech am Fabricksbuttek vu Villeroy & Boch etabléiert huet.

Minièresbunn

D’Minièresbunn ass zënter den 90er Joren rëm a Betrib duerch Doihl asbl a stolze Besëtzer vun 51 Lokomotiven, déi aus verschiddene Grouwe stamen. D’Streckennetz dat bedriwwe gëtt besteet aus e puer Deelstrecken: Fond-de-Gras - Doihl - Lasauvage - Saulnes. D’Minièresbunn fiert all Sonndeg vun Ufank Mee bis Enn September.

Minièresbunn Doihl a.s.b.l
Boite postale 60
L-4701 Pétange
Buchen

Chris Reitz

De Lëtzebuerger Violonist an Produzent Chris Reitz gouf 1992 gebuer. Hien versteet et mat senger elektrescher Gai sech emotional Auszedrécken, nei Klangvisiounen ze schafen an duerch seng Sensibilitéit perfekt mam Publikum ze interagéieren. Lauschtert seng Musek déi d’Wuerzelen aus der elektrescher Musek bis hin zu 90er Joren Trip-Hop an Deep House vereent a loosst iech an déi magesch Welt vun engem aussergewéinleche Violonist entféieren.
Pro Persoun 125€

am Präis mat abegraff

Transferts Minièresbunn
Entrée Mine
4-Gang-Menü
Musikalesch Animatioun
Apéro

Mir setzen eis an!

Den Zentrum fir Sozio-professionell Integratioun (CISP) Liewenshaff ass e Projet, deem säin Initiateur d‘a.s.b.l. Päerd's Atelier ass.

Dëse Projet riicht sech u sozial schlecht ugepasste Jonker tëscht 16 an 19 Joer, bei deenen den Parkour vun der Schoul schwéier an dacks duerch Echecken gepräägt ass. Dëst huet verhënnert dëtt, déi néideg Kompetenzen geschaf ginn, fir sech un déi aktuell Konditiounen vum Aarbechtsmaart unzepassen.

D’Haaptzil vum Liewenshaff ass et, dës benodeelegt Jonker op déi alldeeglech a reegelméisseg Praxis vun enger Aarbecht ze bréngen, fir datt se duerno an d’Beruffsliewen oder an d’Schoul, kënnen integréiert ginn. Et geet virun allem drëm d’sozial Isolatioun vun deene Jonken ze briechen, andeems si aktiv um soziokulturelle Liewen am Land deelhuelen, an dat duerch praktescht Léiere wärend enger Dauer vun dräi Joer.

Säit 21 Joer sammele mir zesummen mat der Gemeng Péiteng an enger helle Wull u Veräiner a Benevollen Suen fir d’Recherche géint de Kriibs a speziell géint d’Leukemie bei de Kanner. Soss bekannt als Télévie Rodange hu mir eis am Joer 2013 an „Fir ee gudden Zweck Gemeng Péiteng“ ëmbenannt. Mir engagéieren ons awer och do wou mir gebraucht gi ewéi nom Tornado am August 2019 wou mir eng Kleederspend organiséiert haten.
Dëst ass eng Associatioun, déi sech fir Kanner asetzt, déi net op der Sonnensäit vum Liewen opwuessen kënnen. Eist Ziel ass et dësen Kanner een Laachen op Gesicht ze zauberen, duerch een klengen Geste, eng Aktivitéit, Zäit mat Frënn ze verbréngen. Eisen nächsten Projet ass, eng Vakanzekolonie mat rumäneschen Heemkanner, déi keng Famill méi hunn. Mir engagéieren eis mat hinnen zesummen eng flott Zäit ze erliewen.

De Programm fir 2023

23 Mäerz

19:00

24 Mäerz

̶1̶2̶:̶0̶0̶(Sold out)
19:00
25 Mäerz

12:00
19:00
25 Mäerz
12:00
19:00
12:00
bzw.
19:00
12:00 bzw. 19:00
Départ um Carreau de mine
153 rue Principale L-4798 Lasauvage
Transfert mat der Minièresbunn an d’Minn
Apéro offréiert vun der Gemeng Péiteng
4-Gang Menü vum Traiteur Paul Eischen

Concert mam Violonist Chris Reitz
16:00
bzw.
23:00
16:00 bzw. 23:00
Retours mat der Minièresbunn
Tombola de salle

De Menu

Entrée
Le dos de saumon écossais aux deux cuissons avec son coulis de cerfeuil et sa purée de vitelotte
Ou bien
La quiche aux épinards, mozzarella au pesto et tomate cerise confite avec sa salade de légumes et sa vinaigrette à la ciboulette
Entre-plat
Le cappuccino d’asperges vertes avec sa brochette d’asperges grillées
Plat principal
La joue de bœuf confite au vin rouge avec sa purée de carotte, polenta aux épices et petits radis
Ou bien
Le croustillant de légumes sur ragoût de poireaux et cépiotes à l’estragon avec son coulis aux épinards
Dessert
Dessert de la mine

153 rue Principale L-4798 Lasauvage

Eis Charity-Dinner fënnt zu Lasauvage an der „Minière-Duell“ statt.
D’Entrée ass zu Lasauvage um « Carreau de la Mine »
Hei fann dir och genuch Parkplazen.
(befollegt just d'Schëlder)
Mit Google Maps öffnen

Mir soen eise Sponsore “Merci!”